|

| |
|
D'AvEK an den LGE invitéieren op : |
|

|
eng Liesung mam Jhemp Hoscheit
mat musikalescher Ënnerstëtzung vum JULIEN ARPETTI
op der Gittar.
Eng literaresch a musikalesch Zäitrees an d’68 er
Joren an an d’Beatleswelt.
Donneschdes, de 7. Dezember um 19h30 am CDI vum LGE
Entrée aalt Gebai
|
|
Esch, Mee 1968. E puer Studenten erliewen déi éischt
Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée.
D’Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken
d’Eurovision de la Chanson an Einer wird gewinnen. An zu Paräis ginn
Autoen a Brand gestach.
Iwwerdeems léiert de Fern doheem Gitar spillen an dreemt vu sengem éischten
Optrëtt. De Pol léiert, wat et heescht, verléift ze sinn. Hie vergësst
seng schoulesch Suerge mat de Beatles a wär gär mam Sylvie an engem
Himmel aus Diamanten a Gebeess. Mee d’Sylvie kann sech net décidéieren.
Da kënnt et zu der éischter Party, zum éischte Knuutschfleck, zum éischten
Thé Dansant. An dann ass endlech déi grouss Schülerversammlung am Lycée.
Fir alles gëtt et eng éischte Kéier. Awer ginn aacht Deeg an der Woch
dofir duer?
Den neie Roman vum Jhemp Hoscheit erzielt iwwert e Grapp voll
Jugendlecher zu Esch, iwwert hir Frëndschaften a Freiereien,
Rebelliounen a Rivalitéiten: kleng, mä wichteg Geschichten an engem
entscheedende Moment vun der grousser Geschicht, mat der Popmusek am
Hannergronn. Et ensteet eng spannend an engagéiert Chronik iwwert de Lëtzebuerger
Mee 68 a gläichzäiteg ass de Roman e passionnéierten Hommage un
d’BEATLES an hir wichtegst Zäit.
De Jhemp Hoscheit gouf 1951 zu Esch gebuer. Hie schreift Geschichten,
Theaterstécker, Erzielungen, Romaner, haaptsächlech op Lëtzebuergesch.
Bis elo huet hie véier Bicher mat satireschen Texter an aacht
Kannerbicher publizéiert. Fir säin éischte Roman Perl oder Pica krut
hien 1999 de Prix Servais. De Roman gouf 2005, no engem Dréibuch vum
Viviane Thill, vum Pol Cruchten verfilmt a leeft am Hierscht 2006 an de
Kinoen.
|
|